Wat ech wësse muss:

Zu den Aktivitéiten

D’Klassen vun Déifferdeng a Péiteng kënnen e puer Mol am Joer op Lasauvage een Thema maache kommen. D’Themen vun den Unitéiten fënnt een an eiser Rubrique vun den Aktivitéiten.

An der Naturschoul schaffen 4 Enseignanten. Si hunn eng Décharge beim SNJ vun 4 Stonnen/Woch an doduerch kënnen dann och Klassen aus dem ganze Recht vum Land sech bei eis umellen.

Fir d’Umeldung fënnt een och déi passend Rubrique hei um Site.

Mir schaffen am Prinzip ëmmer dobaussen an der Natur. Mir hunn awer och zwee flott Säll an der Schoul. Denkt drun wann der kommt mat ärer Klass dofir ze suergen dat d’Kanner immer dem Wieder no gekleet sinn.

Am Prinzip soll den Titulär deen den Eveil aux Sciences resp. Sciences Naturelles, Geographie oder Geschicht hällt sech mellen fir an d’Naturschoul. Falls dei Fächer vun engem “autre intervenant” an der Klass gehale ginn muss vläit munchmol ee “changement d’horaire” gemaach ginn fir an d’Naturschoul kënnen ze kommen. Dat ass alles awer kee Problem an och seit längerem mam Inspektorat ofgeschwat.

         

Zéckt also net... a bei Froen oder Problemer hëllefe mir och gären.

   

Eegent Material wéi Lupen a Bestëmmungsbicher (ab 3. Schouljoër) sollen d’Kanner roueg matbrengen. Wann se e Rucksack hunn, bleiwen d’Hänn fräi. Bei Unitéiten déi  deelweis am Sall sinn, brengen d’Kanner hier eege Schachtel mat.

Hei fannt dir och eis Flyeren mat nach mei Prézisiounen iwwert d’Naturschoul an och mat den Ziler vun der Schoul:

Zum Material

Bei eis an der Naturschoul kann och Material ausgeléint ginn, sieft et fir zech op eng Visite an der Naturschoul virzebereeden oder fir d’Nobereedung vun enger Visite bei eis an der Schoul.

     

Folgend Materialien kann ee bei eis ausgeléint kréien:

DVD’en, Themekofferen (Tëtelbierg, Minett, Afrika, ...), Bestëmmungbicher, Naturbicher, opgestoppten Déieren, Experimentéierkofferen, a villes mei...

Op Wonsch gi mir jidderengem och gären Aarbechtsblieder zu deene verschiddenen Theme mat.

Save
Cookies user preferences
We use cookies to ensure you to get the best experience on our website. If you decline the use of cookies, this website may not function as expected.
Accept all
Decline all
Development
Xdebug
Accept
Decline
Essential
These cookies are needed to make the website work correctly. You can not disable them.
Joomla!
Accept