Am Goart: Muerten, Poretten a co…

  

Wat muss alles am Gaart geschafft ginn? Wat heescht repikéieren, séinen, kappen, reechen, asw. – a wéi mécht een dat? Dat alles léiere mer an eisem Schoulgoart dem “Paradäis”.

An der Hexekichen

  

Wee war déi wëll Fra vun Zowaasch? Zesumme beäntwerte mer dës Fro, a léieren eng ganz Rei Heel- a Gëftpflanzen kennen, esou wéi hir Uwendungen a Kichen, Medizin an Alldag.

Bionik

 

Zwësche Biologie an Technik. Wat kann de Mënsch der Natur ofkucken a fir d’Technik gewannen?

De Bauer, Produzent vun eise Liewensmëttelen

   

Um Scheierhaff zu Zolwer.

Mär besichen ee Mëllechbauer a loossen eis erklären wat d’Oarbecht vum Bauer ass. Mär kucke, wei d’Kéi gestrach ginn a kënnen eventuell och bei e puer Oarbechten eng Hand mat upaken.

De Fréijoersbësch

  

Mir machen ee flotte Spazéiergang duerch de Bësch. Mir sichen och no deenen éischte Frühblüher, lauschteren op mer scho Villercher héieren a maachen natierlech och e puer Spiller ënnerwee.

De Kiermerchen mat séngem Patrimoine industriel, culturel an naturel

  

Mär ginn duerch dat vergiessent, romantescht, flott Dall a léieren eppes iwwert d’Geschicht a wat hei fréier gemaach gouf, iwwert den Naturschutz an doriwwer, firwat een esou Plaatze schütze soll.

Fotoapparater matbrénge fir di spektakulär Spure vun der Vergangenheet – wi d’Ruine vun der Goar am Adlergronn- festzehalen!

Täscheluut matbrénge fir duerch deen ale verloossenen Tunnel ze gon!

De Bus bréngt äech hei op de Parking bei de Vesquenhaff.

De Liewensraum Baach

  

Mir gi bei d’Crosnière zu Lasauvage a kucken wat fir Déieren alles do am Waasser liewen.

Mir kucken op d’Baach net zevill verknascht ass a fëschen natierlech och Insektelarven, kleng Fësch, Baachkriibsen asw…., nëmme fir se kennen ze léieren a se duerno erem an d’Baach ze loossen.

De Liewensraum Buedem

    

Wat lieft alles am Bueden, ënnert engem Steen, an engem ale Bamstamm, ënnert Blieder asw…..?

Alles dat kucke mir zesummen a versichen déi Deieren déi mer fannen ze bestëmmen.

De Päiperlék

    

Wei entsteet ee Päiperlék, wou fanne mer Raupen, wat ass eng Popp….?

Mir maachen eis op d’Sich nom schéinste Päiperlék.

De Recyclinghaff zu Nidderkuer

 

Mir organiséieren eng Visitt vum Recyclinghaff zu Nidderkuer. Et geet kee vun eis mat mee dir kritt op der Plaatz dei néideg Erklärungen vun engem Mataarbechter vum Haff.

Flott ass et wann dir iech an ärem Cycle organiséiert a mir dann an enger Woch e puer Klassen aus deem selwechte Gebai/Cycle kënnen dohinner schécken

De Waassergaart op der Zowaasch

        

Wat gouf fréier mat deene Baséngen am Zowaascher "Paradäis" gemaach. Wei kann een d'Waasser an d'Waasserkraaft technesch notzen. Mir bauen kleng technesch Virrichtungen a probéieren dei dann och um Waasser aus. 

Den Hierschtbësch

 

Bei engem Spaziergang duerch de Bësch entdecke mer op eng spielerisch Art a Weis dein flott a spannend Joreszäit.

E Besuch um Bauerenhaff

Mär ginn op den Tempelshaff op Uewerkuer. Do gesi mer di déck Maschinnen a klammen op en Trakter. Da soe mer dem Véi moien a léieren, wat ee Stéier ass, wat eng Kou a wat ee Kallef. Vläit fiddere mer och d’Hinger. An ee Mëschtkoup däerf och net feelen!

E Besuch um Beiestand

An eisem neie Beienhaus begéine mer Dausende vu Beien, sichen hir Kinnigin, loossen en Drohn iwwert eis Hand krabbelen, kucken de Meedecher beim Schaffen no a schmaachen e bëssen Hunneg, deen si eis “schenken”.

Och wëlle mer wëssen: Wéi bauen si hir Waben? Woumat fidderen si hir Kleng? Wat ass Propolis?

A vläit däerf haut ee Kand am richtege Kostüm eng Imker-Ausbildung ufänken?

Eilen an aner grouss Vigel

   

Wei eng Eilen an aber grouss Viele ginn et bei eis a weil liewe se....

A Wisst der och wat een Eilekaz ass ???!!!! Eventuell kucke mer eis dat mei genau un

Eis Bëschdeieren

     

Wei eng Deieren liewe bei eis am Bësch? Unhand vu flotten opgestopptene Modeller kucken mir eis all des Deieren am Saal un a maachen eis och duerno am Bësch op d’Sich….

Eis Chiers, eng lieweg Baach? 1.Deel

 

Mär trëppele vum Korspronk zu Uewerkuer bis an de Parc de la Chiers zu Déifferdeng. Ënnerwee kucken, richen, moossen an analyséiere mer d’Waasser.

Eis Chiers, eng lieweg Baach? 2. Deel

         

Mär trëppele laanscht d'Kor, vun der Biff bis op Athus. Ënnerwee kucken, richen, mossen an analyséiere mer d'Waasser. 

Eis Gräifvullen

    

D’Kanner mengen dacks en Adler iwwert dem Feld gesinn ze hunn. Mee woar et net awer en Héngerdéif? Oder ass den Héngerdéif net éischter ee Bussard? Eng Rei Gréifvigel liewen nach bei eis am Land. An der Naturschoul kënne mer eis se vu ganz no ukucken, ouni dass se fortfléien ( a jo- et si richteger, well si hu wierklech eng Kéier gelieft!)

Eise Geocache

       

Wee rett dei verluere Séil vum Grof Saintignon? Ee Multi-Cache duerch Lasauvage an d'Natur ronderëm Lasauvage. 

Mat GPS-Navië ginn d'Kanner op d'Sich nom Geheimnis vum Grof Saintignon. Ab der éischter Statioun am Musée kréien d'Kanner duerch di richteg Äntwert op eng interessant Fro de Schlëssel fir d'Koordinate vun der jeweils nächster Statioun. Sou léiere se vu Statioun zu Statioun d'Natur an d'Geschicht vun Zowaasch kennen a wëssen dono wei een e GPS-Navi benotzt. 

Ekeldeieren

  

Iiii, eng Spann! Schlaangen, Schleeken, Raten oder all méiglech Krabbeldéier gi vu ville Kanner- an Enseignanten- gefoart a léisen dacks Ekelgefiller aus. Mär probéieren di Gefiller ze verston an ze versachlechen.

A vläit kann dono deen een oder aneren dat fantastescht Bauwierk vum Spannennetz an di wertvoll Oarbecht vum Reewuerm am Goart mat aneren A gesinn!

Eng Rees duerch den Universum

   

Vun der Äerd duerch eise Sonnesysteem mat senge Planéiten, Mounden an Asteroiden bis bei d’Stären.

Mat ville Filmer, Biller, Modeller, Spiller luusse mer an eist Universum eran.

Evolutioun

    

D’Natur woar net ëmmer wi se lo ass. Wou kënnt de Mënsch hir? Si mer net och e bësse Famill mam Dinosaurier? Wat huet dat Stéck Kräid mat deem mer un d’Tafel schreiwen mat den Déier am Mier ze dinn, dat virun laanger Zäit mol eis Géigend bedeckt huet? Wéi kënnt een Insekt an ee Steen?

Filmer, Biller, Modeller, Steng a Fossilien hëllefen eis bei eiser Spure-Sich. Bei passendem Wieder kënne mer Fossilie klappe gon

Fair Breakfast

Nodeems mer gemittlech zesumme "Kaffi gedronk" hunn – natierlech mat fair gehandelte Produiten: Gebeess, Schokelasbotter, Jus, Téi, Stoffi a Botter... –, kucke mer eis eng kleng Ausstellung un a léieren duerch Aktivitéiten a Spiller mei genee, wat fairen Handel ass. Vu Kakao a Schokela gi mer aus a landen och bei Kleeder a Schung.

Flëntermais

    

Ass et e Vull? Ass et eng Maus? Nee – et ass eng Flantermaus!

Mär kucke se vu ganz no (ausgestoppt), lauschteren hir Kreesch, léiere, wéi si héieren, probéieren ze verston, wéi si sech orientéieren a ginn erau skucken, op wéi enge Plazen si sech verstoppen.

A vläit – mat ganz vill Chance-gesi mer eng am Wanterschlof (sou wi di hei op der Foto an der Zowaascher Minn).

Fossilien

 

Wat ass ee Fossil? Wéi kënnt en Déier an e Steen? Ween huet Muschelen zu Zowaasch vergruef?

Mat Hummer a Meessel gi mer op d’Sich.

Fräsche, Mouken an aner Waasserdéieren

Maer ginn op d'Sich no Déieren déi beim an am Waasser liewen.

Gromperefest

  

Mir gi Grompere rafen an eise Gaart, huelen och e bessi Geméis mat an d’Schoul an da ginn eng gudd Geméiszopp a lecker Gromperekichelcher gemaach an natierlech och zesumme giess…….

Hecken

  

Mir sichen a sammelen Hecken an Heckefriichten a probéieren eis e pure Nimm ze verbalen an d’Uwendungen vun deene verschiddene Friichten besser kennen ze léieren….

Insekten

  

Ass d’Spann da lo eent oder net? A kënne se all fléien oder net? Bäisse se? Si se nëmme gutt als Vullefudder?

Mär kucken eis eng Rei Insekten un a vergläiche se, fanne Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder. Mär fanne se am Goart, am Bësch, am Weier – an am Schoulsall.

Journée fir de Précoce

Et kommen 2-3 Précoce Gruppen an d'Naturschoul ee ganze Mueren. Mir maachen kleng Atelieren zesummen (Beien, Weier, Gaart etc....) an dei kleng Butzen familiariséieren sech schon e bessien mat der Naturschoul.

Kachen a Brachen

 

Als Spëtzegastronomen iwwerleeë mer eis natierlech bei allem, wat mer iessen, wou et hirkënnt. Eise Menü soll all d’Facette vu Liewensmëttel enthalen, déi de Mënsch brauch.

Menu du Jour actuel

Geméiszopp , alles an d’Dëppen hopphopp

Lasagna , al dente ma non troppo con sugo di Gehacktes ouni Schwéngefleesch

Äppeltoart oder Äppelkuch , selon l’humeur du chef 

Kelten a Réimer um Tëtelbierg

 

Hei besteet d’Méiglechkeet un der Kelten- a Réimerwoch an Zesummenaarbecht mat der Technikschoul Deel ze huelen.

Mär maache Feier wi deemols, präge Mënzen am réimesche Stil, zwaffen eng keltesch Fibel a spille wi di réimesch Kanner (-a Légionnairen?).

Mär man dat um Site vun den Ausgruewungen um Tëtelbierg selwer.

Kläranlag

 

Mir organiséieren eng flott Visitt vun der Kläranlag zu Péiteng wou d'Ofwässer aus eiser ganzer Géigend gerengegt ginn. Mir kreien Erklärungen vun engem Mataarbechter vun der Kläranlag an et ass och ee vun eis derbäi fir weider Ergänzungen ze ginn

Landschaften zu Lëtzebuerg

 

Mir ginn mat iech zesummen eng flott an interessant Géigend aus dem lëtzebuerger Land kucken. Mir sinn äre Reiseführer an dir sicht iech eraus wei eng Géigend interesaant fir iech ass, vläit eng iwwert dei der vill an der Geographie geschwat hudd. 

Um Proramm stinn: 

Mëllerdall, Musel, Eislék, Äischdall, Sauerdall....... oder dir sot eis eng Géigend ;-) 

Lénks a riets vun der Crosnière

  

Mir ginn laanscht d’Crosnière zu Lasauvage an ënnersichen d’Baach op e puer Plaatzen. Duerno siche mir och no interessanten Blummen an eventuell Orchideen um Sentier de la Crosnière.

Mär maache Viz

   

Wat ass Viz a wei gëtt dee gemaach. Dat ass vill Aarbecht mee wa mer all gudd zesumme schaffe kënnen mer duerno dee leckeren Äppeljus schmaachen.

Mat Kaart a Kompass duerch Lasauvage

  

Haut gëtt et GPS'en an dann ass d'Navigatioun ganz einfach. Mee wei war dat fréier mat Kaart a Kompass fir sech richteg z'orientéieren. Mir léieren dat zesummen a wann de GPS enges Dags futti ass oder d'Batterie ass platt da kënne mir eis mat deenen einfachste Geräter awer orientéieren.....

Meteorologie

 

Wei gëtt d’Wieder gemooss? Wei kann ee Prévisoune maachen? Wat sinn interessant Wiederphänomener? Alles dat kucke mir eis zesummen un. Bei guddem Wieder loosse mer och ee Solarzeppelin an d’Lut goen.

Natur am Wanter

   

Di verschidde Strategien vun den Déier an de Planzen fir de Wanter ze iwwerliewen.

Mär ginn an de Bësch, un de Weier a bei d’Beienhaus.

Nature Art

   

Konscht an a mat der Natur: Blieder-Mandalaen, Kropemännecher, Zapfe-Skulpturen, Schuele-Booter, Bam-Graffitien

Mär loossen eiser Phantasie fräie Laf

Nuetswanderung

 

Du bass bei eis am Hébergement an du wëlls owes spéit eng spannend Wanderung an den Zowaascher Bësch maachen, da mell dech fir eis Nuetswanderung un. Mir starten wann et däischter ass.....

Op der Millen

Mär besichen dem Milljhängi seng al Millen zu Rolleng.

Wat gëtt an enger Mille produzéiert? D’Mechanik an de Fonktionnement vun eiser Millen.

Mär bake Brout, Pizza oder Karte Flambée... mhmmmmmm

Rallye Hondsbësch

     

Mär starte bei der Meedechers-Schoul, ginn iwwert di nei Velos-Bréck, lénks vum Hondsbësch-Denkmal rop bei den Tagebau an d'Entrées de mine, laanscht d'Spidol a komme beim Hondsbësch-Denkmal nees raus.

Zentrums-Klasse ginn d'rue Winterthur erop an den Hondsbësch a kommen herno gemittlech iwwert de Velos-Wee laanscht den Zuch zeréck. 

 

Fir d'Saach spannend ze maachen, kritt all Kand ee Froebou zu Fauna, Flora, Geographie a Geschicht. 

Rallye Hondsbësch II

     

Mär starte beim Hondsbësch-Denkmal, gi bei d'Entrées de mine an duerch d'Meeën an d'Duerf mam Wäschbuer. 

Fir d'Saach spannend ze maachen kritt all Kand ee Froebou zu Fauna, Flora, Geographie a Geschicht. 

Rallye Rattem

     

Mär gi beim Päschtkräiz laanscht den H2O erop op di beschtbekannte Kopp zu Uewerkuer an zeréck. 

Fri d'Saach spannen ze maachen, kritt all Kand ee Froebou zu Flora, Fauna, Geographie a Geschicht.

Rallye Thillebierg

     

Mär starte beim Red-Boys Terrain (??? wat ass dat dann) a ginn iwwert de Carreau duerch de Wangert a laanscht den Äppelbösch erop bei de Kannerbongert an dann duerch de Bësch zeréck.

Fri d'Saach spannend ze maachen, kritt all Kand ee Froebou zu Fauna, Flora, Geographie a Geschicht.

Rallye Uewerkuer

     

Mär ginn iwwert iwwert d'Schwaarz Bréck dei guer net mei schwaarz ass, mee firwat war déi fréier schwaarz? bei de Korspronk, op de Ronnebierg an iwwert de Kiermerchen an de Kazebësch zeréck. 

Fri d'Saach spannend ze maachen, kritt all Kand ee Froebou zu Fauna, Flora, Geographie a Geschicht. 

 

Seejomëss

  

Seejomes, Jeesomes, Jäjomes, Seechmummes, Omes …, vill Nimm fir dat wibbelegt Insekt, dat eis Kanner gär Ameis nennen. Mär ginn op d’Sich no hiren Näschter a léieren all Méigleches, vun hirer grousser Kraaft bis bei d’Fro, ob all Jeejomes eng Kéier an hirem  Liewe Flillécken huet.

Spiller am Bësch

      

Et muss net ëmmer Pokemon oder Minecraft sinn. :-)

Vu Pilzen a Champignonen

Wat ass dat gréisst Liewewiesen op der Äerd? Richteg! – ee Pilz, respektiv een Hallimasch. Mär hunn der och bei eis am Bësch, awer e bësse méi klenger.

Mär sichen se an der Wiss an am Bësch a probéieren se ze bestëmmen. Vläit gëtt et der awer och um Gebees an um Camembert? A wou nach?

Vullen am Wanter

   

Di eng flüchten, di aner bleiwen hei. Soll een se fidderen? A wa jo, mat wat?

Mär sichen se a kucken se. Wann Zäit ass, baue mer ee Fudder-Aascht.

Vum Minettsteen zum Stol

  

Wou gouf fréier Stol produzéiert a wéi geet dat haut? Zu Lasauvage maache mer eis och op d’Sich no Spueren vun der Vergaangenheet ,wat den Ofbau vun Eisenerz zu Zowaasch ugeet. Eventuell geet et och bis eriwwer op Zounen (Saulnes) bei eis franséisch Noperen, wou deen eelsten Héichuewe vun der Welt soll stoen…..

D’Naturschoul organiséiert och all Joer eng “Journée Ste. Barbe” an eng “Journée vun der Minett zum Stol”,  wou dës flott Unitéit nach mat enger Visite vun der Zowaascher Minn verbonne gëtt.

Wat maachen d'Beiefra an de Beiemann am Wanter?

        

Mir kucken zesummen, wat den Imker an der Imkerin hir Aarbechten am Wanter sinn, géisse Kärze mat Beiewuess, bake mat Hunneg a bastele selwer vläit e puer Beierummen....

Ween ass de Meeschter an der Nuet?

  

Eilen? Oder Nuetspäiperlécken? oder awer d’Flëntermais?

Am flottsten ass dëst Thema natierlech am Däischteren. Vläit ass eng Klass am Séjour am centre d’hébergement intresséiert eng Kéier owes erauszegon?

Wei kënnt de Stroum an eis Steckdous?

 

Karbonbaséiert Stroumproduktioun vs. méi nohalteg Verfahren.

Wat kann deen eenzele man fir d’Ressourcen ze erhalen an de Klima ze retten?

Veranschaulechung duerch all méiglech Modeller

Zesumme liewen op eisem Planéit

 

Globaliséierung betrëfft och all Kand!

Eng Jeans, di ech kafen, ass duerch vill Hänn a vill Länner gaang.

Mäin Handy ass aus ville Materialien zesummegebaut, fir déi Sklaven an der 3.Weelt ausgebeut ginn.

Wann ech faire Schokela kafen,  hëllefen ech dem Kakao-Bauer, seng Kanner an d’Schoul kënnen ze schécken.

Wat kanns du man? Zesummenhäng erkennen – sech Handlungsoptiounen erschléissen!

Save
Cookies user preferences
We use cookies to ensure you to get the best experience on our website. If you decline the use of cookies, this website may not function as expected.
Accept all
Decline all
Development
Xdebug
Accept
Decline
Essential
These cookies are needed to make the website work correctly. You can not disable them.
Joomla!
Accept